Wëllkomm op dëser Säit, déi speziell fir dech gemaach ginn ass.
Ech sinn de Guillaume, den neie Grand-Duc. Den 3. Oktober 2025 hunn ech d’Nofolleg vum engem Papp, dem Henri, ugetrueden. Fir dësen Evenement ze feieren, ass dës Säit deelweis nei gemaach ginn.

Hei fënns du d’Äntwerten op d’Froen, déi’s du dir stells : Wat ass eng Ofdankung a wat ass en Trounwiessel? Wat ass dem Staatschef seng Roll? Firwat hu mir e Grand-Duc a kee Kinnek? An nach vill anerer!

Du wäerts och d’Grande-Duchesse an eis ganz Famill kenneléieren. Zum Schluss waart e klenge Quiz op dech, wou’s du teste kanns wat’s du bei dengem Besuch hei verhalen hues!

Vill Spaass bei denger Visitt!