


Groussherzogleche Palais
De Büro vun de Ministeren
Wat ass dem Grand-Duc seng Roll?


Nationalfeierdag : wann d'Land dem Grand-Duc säi Gebuertsdag feiert









Wann de Staatschef d'Wuert ergräift
De Grand-Duc interesséiert sech ganz vill fir d’Liewe vun de Lëtzebuerger. A senge Riede kann hien déi Saachen ausdrécken, déi him besonnesch um Häerz leien: d’Toleranz, de Respekt, d’Dignitéit an d’Solidaritéit. An natierlech de Respekt vun der Natur.

Vläicht hues du de Grand-Duc jo och schonn op der Tëlee gesinn? A senger Chrëscht-Usprooch, déi ëmmer op Hellegowend gewise gëtt, zitt de Grand-Duc e Bilan vum ganze Joer. Hie schwätzt iwwert déi national an international Gedanken, déi d’Leit dee Moment beschäftegen an ënnersträicht wéi wichteg et ass, datt mir all zoueneen halen a solidaresch sinn.
Op Nationalfeierdag riicht de Grand-Duc sech och un d’Lëtzebuerger. A besonnesch schwéieren Zäiten, wéi wärend der COVID-19-Pandemie, kann de Grand-Duc sech och un d’Bevëlkerung riichte fir hir Courage ze maachen.









Fotoe vum Büro vun de Ministeren







