Groussherzogleche Palais
Wëllkomm am Palais
Wëllkomm am groussherzogleche Palais an der Stad. Hei am Palais schaffen ech an ech empfänke meng Gäscht: Membere vun der Regierung, Staatscheffen, Ambassadeuren, Perséinlechkeeten a Bierger. De Palais ass de ganze Summer iwwer fir Touristen op.
De Grand-Duc
Moien ! Wëllkomm am Palais. De Palais ass d’Symbol vun der Monarchie zu Lëtzebuerg. Hei empfänke mir wichteg Gäscht. Am Kader vun de Staatsvisitte sinn hei och déi offiziell Iessen. Hei hu mir awer och eis Aarbechtsreuniounen a mir gesi Veräiner a Matbierger, déi dat ufroen. De Palais ass wonnerschéin an hien ass en Deel vum gudde Bild vun eisem Land.
D'Grande-Duchesse
De Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass eng konstitutionell Monarchie
Dat sinn zwee komplizéiert Wierder ! Komm mir ginn där Saach mol op de Gronn.
Äntwert!
Eng Monarchie, dat ass e Land un deem senger Spëtzt e Monarch steet. Zum Beispill e Kinnek, wéi an der Belsch. Oder eng Kinnigin, wéi an Dänemark. Oder e Grand-Duc, sou wéi bei eis. Villäicht kenns du jo och nach anerer?
Eng Monarchie gëtt verierft, dat heescht wann de Kinnek, oder d’Kinnigin, oder de Grand-Duc stierft oder an d’Pensioun geet, da kënnt dono säi Jong oder säi Meedchen un d’Spëtzt vum Land.
Ma och wann hien de Chef vum Land ass, sou kann de Grand-Duc awer net iwwer alles eleng decidéieren. D’Konstitutioun seet wat hien däerf a wat net. D’Konstitutioun ass dat wichtegst Gesetz vun engem Land, dat wat iwwer all deenen anere steet. De Monarch muss der Konstitutioun follegen.
An de konstitutionelle Monarchien, sou wéi Lëtzebuerg, ernennt de Monarch de Premier Minister, deen d’Parlament him virschléit.
Wie mécht wat an der konstitutioneller Monarchie?
Lëtzebuerg ass nom Prinzip vun der Gewaltentrennung organiséiert. Et gëtt dräi Gewalten: d‘Legislative, d‘Exekutive an d‘Judikative.
Déi legislativ Gewalt, déi déi d’Gesetzer mécht, hänkt vun der Deputéiertekummer (Chamber) of, déi bei de Wale vun der Bevëlkerung erausgesicht ginn. Si stëmmen d’Gesetzer.
Déi exekutiv Gewalt läit, der Konstitutioun no, beim Grand-Duc. Hien ass deen, deen als Staatschef d’Gesetzer „ausféiert“, dës Gesetzer also duerchsetzt. Praktesch gesinn ass et d’Regierung, déi déi néideg Entscheedungen an Initiativen hëlt, déi de Grand-Duc ënnerschreift, fir se ze ratifizéieren.
Op internationalem Plang gehéiert et och zum Grand-Duc senge Missiounen, fir d’Land ze representéieren.
Déi judikativ Gewalt, dat sinn d’Geriichter déi dofir suergen, datt d’Gesetzer an d’Reegelen agehale ginn. Si sinn onofhängeg an neutral. D‘Verfassungsgeriicht kontrolléiert, ob d‘Gesetzer mat der Konstitutioun iwwerenee stëmmen.
Wann de Fändel iwwert dem Palais an der Stad flitt, dann heescht dat, datt de Grand-Duc do ass fir ze schaffen.
Firwat e Grand-Duc a kee Kinnek ?
Excellent Fro! Dat ass eng ganz al Geschicht …
Äntwert!
De Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass eng Monarchie, mä u senger Spëtzt ass e Grand-Duc a kee Kinnek wéi an der Belsch oder a Groussbritannien. Dat ass eng laang Geschicht, déi méi wéi zwee Joerhonnerten zréck geet.
Zu der Zäit wou den Napoleon de Keeser vu Frankräich war, war hien am Krich mat bal ganz Europa. Ma nodeems hien d’Schluecht vu Waterloo verluer hat, hunn d’Herrscher vun deenen aneren europäesche Länner sech zu Wien getraff an – fir de Fridden ze garantéieren – d’Grenze vun de Länner nei festgeluecht an esou een neit Land geschaf: d’Kinnekräich vun den Niederlanden. Den Duché vu Lëtzebuerg, ass zum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ginn, a war – genee esou wéi d’Belsch – en Deel vun deem neie Kinnekräich vun den Niederlanden.
Mä de Kinnek Guillaume I. vun den Niederlanden huet sech weder fir d’Belsch, nach fir d’Lëtzebuerger interesséiert. Am Joer 1830 waren d’Belsch an d’Lëtzebuerger net méi averstanen. D’Belsch gëtt en eegent Kinnekräich, mä Lëtzebuerg hält weiderhin de Guillaume I. als Souverain. Et huet bis 1890 an dem Doud vum Guillaume III. (den Enkel vum Guillaume I.) gedauert, bis d’Weeër tëscht den Niederlanden a Lëtzebuerg sech getrennt hunn. D’Niederlanden kréien dat eelst Meedche vum Guillaume III. als Kinnigin, d’Wilhelmine, an de Grand-Duché kritt den Adolphe, säin Cousin. Deemools konnten, dem Gesetz no, zu Lëtzebuerg nach keng Meedercher op den Troun kommen. An aus deem Grond ass eise Staatschef e Grand-Duc.
D'Trounfolleg
Wie kënnt nom Grand-Duc Henri op den Troun?
Äntwert!
Fréier konnt eng Fra just Grande-Duchesse ginn, wa si weder e Brudder, nach e Cousin hat. Am Joer 2011 huet de Grand-Duc Henri awer virgeschloen, datt dat éischt Kand – egal ob et e Jong ass oder e Meedchen - Grand-Duc respektiv Grande-Duchesse gëtt.
Deen Dag, op deem de Grand-Duc an d’Pensioun geet (dat nennt een "« ofdanken" ») oder stierft, ass et säin éischt Kand, de Guillaume, dee säin Nofollger gëtt. Hien huet elo schonn den Titel vum Ierfgroussherzog. Seng Schoulen a seng Studien hunn hien op seng Zukunft als Staatschef preparéiert. Am Palais huet hie säin eegene Büro an hien ass bei villen offiziellen Aktivitéiten dobäi. Wann hien dann enges daags net méi Grand-Duc ass, wäert säi Jong, de Prënz Charles, déi Roll iwwerhuelen.
D'Haus vum Groussherzog
De Grand-Duc ass vu ville Mataarbechter a Mataarbechterinnen ëmginn, déi him bei der Organisatioun vu senge Missiounen als Staatschef hëllefen. Si all schaffe fir d’Maison du Grand-Duc (D'Haus vum Groussherzog). Dësen Ausdrock, faasst all d’Leit zesummen, déi a sengem Service stinn, fir hien ze beroden, z’informéieren, seng Reese virzebereeden, mat sengem Auto ze fueren oder sech ëm de Palais a seng Schätz ze këmmeren. Et ass eng Administratioun : si ass un de Stat gebonnen.
Den Hofmarschall ass de Chef vun dësem Haus. Dem Grand-Duc säi Beroder informéiert hien iwwer d’Aktualitéit an der Politik, der Wirtschaft, am soziale Liewen an iwwer déi grouss national an international Dossieren. Et ginn awer nach ganz vill aner Beruffer, déi am Service vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse stinn: d’Aides de camp, d’Käch an d’Kächinnen, d’Valeten, d’Techniker, d’Leit déi sech ëm de Palais an ëm d’Gäert këmmeren, d’Archivisten, d’Medie-Spezialisten, … Mir wäerten e puer vun hinne kenneléieren.
Fokus op...
De groussherzogleche Palais
De groussherzogleche Palais steet um Krautmaart, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Am Joer 1890 gëtt dëst fréiert Stadhaus déi offiziell Residenz vun de Grand-Duc’en. Haut ass de Palais déi Plaz, wou de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse schaffen, a wou si sech mat hire Beroder aus der « Maison du Grand-Duc » gesinn.
Géifs du gär dem Palais seng Schätz gesinn ? All Summer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office guidéiert Visitten am Palais. Dat ass eng flott Geleeënheet fir och emol hannert d’Kulissen ze kucken, an zum Beispill de Büro vun de Ministeren, de Kaartesall, den Iesssall oder de Kinnekssall ze gesinn.
Vu bausse gesäis du de Balcon. Hei hänkt och de Wope vun der groussherzoglecher Famill. Bei wichtegen an erfreelechen Evenementer, wéi zum Beispiller enger Hochzäit, wëll d’Traditioun datt déi groussherzoglech Famill op de Balcon kënnt a vun do aus d’Bierger begréisst.