Schlass Bierg

Wëllkomm am Schlass vu Bierg

Moien ! Wëllkomm am Schlass zu Bierg, dat an der Gemeng vu Colmer-Bierg steet. Hei wunnt gemengerhand de Staatschef. Hei hu mir awer och offiziell Reuniounen. Déi sinn dann um Rez-de-Chaussée a mir wunnen op deenen anere Stäck. D’Schlass huet eng ganz schéi Bibliothéik, eng Zär, eng Garage an et läit am Häerz vun engem wonnerschéine Park.

De Grand-Duc

Moien a wëllkomm an eisem Haus. Hei komme mir zesumme fir flott Momenter mat der Famill ze verbréngen. D’Schlass ass ëmgi vu wonnerschéine Gäert, ganz ale Beem a schéine Bëscher, déi eng entspanend Wierkung hunn. D’Kanner spillen immens gär an de Gäert. Fir Nationalfeierdag invitéiere mir d’Awunner vu Colmer-Bierg, dat ass dann eng Zort "Nopeschfest", an op der "Garden Party" si lauter Lëtzebuerger Perséinlechkeeten invitéiert.

D'Grande-Duchesse

Wéi schwätzen ech de Grand-Duc un?

Keng Angscht, et ass ganz einfach!

D'Hymn vun der Maison grand-ducale

Lauschter de Wilhelmus

All Kéiers wann de Grand-Duc, d'Grande-Duchesse oder e Member vun der groussherzoglecher Famill un enger Zeremonie deelhuelen, gëtt de Wilhelmus, d'Hymn vun der Maison grand-ducale, gespillt. Dës Hymne, esou wéi mir se kennen, gëtt zënter iwwer honnert Joer gespillt. D’Melodie ass awer scho vill méi al a geet bis op dat XVI. Joerhonnert zréck.

Wann d’Hymn erkléngt, heescht dat, datt de Grand-Duc oder e Member vun der Famill ukomm ass.

D'groussherzoglech Koppel weist dir hire Familljenalbum

D'Schlass vu Bierg

D’Schlass vu Bierg ass d’Residenz vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie an hire Kanner. Si wunnen op den ënnerschiddleche Stäck, iwwerdeems offiziell Reuniounen um Rez-de-Chaussée gehale ginn. D’Schlass vu Bierg gëtt et zënter dem Mëttelalter, mä am Laf vun de Joerhonnerten an de villen Aarbechten, déi gemaach goufen, huet et sech vill verännert.

Wärend dem Zweete Weltkrich haten déi däitsch Besatzer eng Schoul fir jonk Meedercher dran ageriicht. Leider hu si deemools vill Miwwelen a Konschtwierker futti gemaach. Et kann een haut nach d’Lächer an der Fassad op der Säit vum Gaart gesinn, wou d’Kugelen ageschloe sinn.

Haut huet d’Schlass eng ganz schéi Bibliothéik, Zären an et steet am Häerz vun engem schéine Park, deen am Respekt vun der Natur ënnerhale gëtt.

Vergiess net, och déi aner Zeenen duerchzesichen, fir nach méi iwwer d’Monarchie, déi groussherzoglech Famill an déi Mënschen, déi dagdeeglech do schaffen, gewuer ze ginn.

Weider bei

De Gaart vum Schlass vu Bierg

Du hues deng Entdeckungstour ofgeschloss!

Maach mat beim Quiz