Groussherzogleche Palais

De Festsall

De Festsall ass ee vun de wichtegsten a bekanntste Raim aus dem Palais. Hei ginn d’Ministere vereedegt a wichteg Perséinlechkeete aus dem Ausland fotograféiert, déi op Besuch am Grand-Duché sinn. Et ass och hei, an dësem majestéitesche Sall, wou déi wonnerschéin Dëscher fir d’Banquete vun de Staatsvisitten opgeriicht ginn. Vun hei aus kënnt een op de Balcon, op deem mir stinn, wa mir am Kader vu grousse Fester d’Leit begréissen.

Déi groussherzoglech Koppel

Erkenns du dës Persounen déi am Palais empfaange gi sinn erëm?

Fotoe vum majestuéise "Festsall"

Ier datt mer d'Visitt weiderféieren, hei nach e puer Wierder zu de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff

Du hues villäicht scho gesinn, datt op verschidde Lëtzebuerger Produiten e Bild mat enger Kroun ass, wou ënnendrënner "Fournisseur de la Cour" steet ?

Dat kann eng Librairie sinn, eng Epicerie, e Blummebuttek, den Traiteur, eng Botzerei, en Handwierker oder eng Faïencerie, … Duerch déi gutt Qualitéit vun hire Produkter an hire Servicer, schenkt de Grand-Duc hinne säi Vertrauen an d’Vertraue vum Haus. Duerch dat Vertrauen däerfe si de Label « Fournisseur de la Cour » op hire Produkter benotzen.

Si mussen awer och ëmmer op der Héicht sinn! Den Titel « Fournisseur de la Cour » däerfe just Firmen oder Geschäfter benotzen, déi reegelméisseg Produkter vu besonnesch gudder Qualitéit un de groussherzoglechen Haff liwweren.

D’Lëscht vun de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff gëtt all Joer am Kader vun Nationalfeierdag, den 23. Juni, erneiert.

 

Vergiess net, och déi aner Zeenen duerchzesichen, fir nach méi iwwer d’Monarchie, déi groussherzoglech Famill an déi Mënschen, déi dagdeeglech do schaffen, gewuer ze ginn.

Weider bei

Wëllkomm am Schlass vu Bierg

Du hues deng Entdeckungstour ofgeschloss!

Maach mat beim Quiz