


Schlass Fëschbech
Wëllkomm am Schlass vu Fëschbech


Moien. Wëllkomm am Schlass vu Fëschbech. Zënter menger Ofdankung, wunnen d’Grande-Duchesse Maria Teresa an ech hei. D’Traditioun wëll, datt de fréiere Grand-Duc oder den Ierfgroussherzog mat senger Famill hei wunnt. Fëschbech ass méi kleng a méi roueg wéi Bierg, dat ass ganz agreabel. Mir maachen och dacks bei den Aktivitéiten aus dem Duerf mat.
De Grand-Duc an D'Grande-Duchesse






Wien huet an dësem Schlass gewunnt?


D’Toffee, der Grande-Duchesse hire Mupp!


Hei ass d'Toffee, mäin Hond. Leider huet hatt eis dëse Summer verlooss. Hatt war e yorkshire. Hatt hat de selwechten Numm wéi eng Kamell. Wann ech konnt, hunn ech hatt matgeholl. Hatt war souguer op enger offizieller Foto! Hatt war en immense wibbelege Mupp, dee gär an de Gäert vum Schlass gelaf ass. Hatt war och ganz zoutraulech. Et kann ee wierklech soen, datt hatt en Deel vun eiser Famill war. Hatt wäert eis feelen…
D'Grande-Duchesse Maria Teresa


D'Schlass vu Fëschbech
D’Schlass vu Fëschbech huet eng ganz laang Geschicht, déi bis op d’Joer 1050 zréck geet, deemno bal dausend Joer. Dat Schlass hätt vill Geschichten z’erzielen, wann et kéint schwätzen: e Feier duerch d’Pole vun der Arméi vum Herzog François de Lorraine am Joer 1635, zum Beispill. Oder gréisser Transformatiounen an e Fleegeheem fir Kënschtler an duerch déi Däitsch am Zweete Weltkrich.
Nom Krich gëtt d’Schlass vu Fëschbech déi léifst Residenz vun der Grande-Duchesse Charlotte, dem Grand-Duc Henri senger Bomi, déi bis un d’Enn vun hirem Liewen hei gewunnt huet. Zënter deem ass d’Schlass d’Residenz vum Ierfgroussherzog oder vum fréiere Grand-Duc. Et ass eng roueg a friddlech Plaz.





