Schlass Bierg
De Gaart vum Schlass vu Bierg
Wëllkomm !
Mir sinn hei an de Gäert vu Bierg, Gäert déi anescht sinn, wéi déi vun anere Schlässer. Hei sinn d’Blummen d’Staren. Ech hu si immens gär. An de Gäert vum Schlass bléien déi natierlech Blumme bal dat ganzt Joer iwwer. Alles gëtt ouni Pestiziden an am Respekt vun der Natur ënnerhalen. Hei ginn ech och gär mam Toffee, mengem Mupp, spadséieren.
D'Grande-Duchesse
D’Toffee, der Grande-Duchesse hire Mupp!
Dat hei ass d’Toffee, mäi Mupp. Hatt ass e Yorkshire. Hatt dréit den Numm vun enger Kamell. Ech probéieren hatt iwwerall matzehuelen, wou et méiglech ass. Hatt war esouguer schonn op enger offizieller Foto! Hatt ass e ganz wibbelege Mupp an immens frou, wann hatt an de Gäert zu Bierg lafe kann. D’Toffee gehéiert zu eiser Famill, ganz zu der Freed vun eisen Enkelkanner.
D'Grande-Duchesse