D’Éierenauszeechnungen

E puer Deeg virun Nationalfeierdag, belount de Grand-Duc déi Leit déi an hirem Beruff oder fir eist Land eppes Aussergewéinleches geleescht hunn, fir trei Déngschter dem Grand-Duc géintiwwer oder well si sech fir eng gutt Saach agesat hunn.

Si ginn a Form vun enger Dekoratioun iwwerreecht: eng Medail, e Kräiz oder en Ofzeechen. D’Éierenzeeche sinn e festen Deel vun den Traditioune vun engem Land.

Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Rei vun Éierenauszeechnungen. Déi bekanntst sinn:

  • l’ordre du Lion d’or de la Maison de Nassau ;
  • l’ordre de Mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau ;
  • l’ordre de la Couronne de chêne ;
  • l’ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg.
Ordre du lion d'or de la Maison de Nassau
Ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau

De Grand-Duc Henri ass de Groussmeeschter vun dëse véier Uerden. Et ass deen wichtegsten Titel an der Hierarchie vun engem Ritteruerden, engem zivillen oder militäreschen Uerden. Den Hofmarschall ass de Kanzler fir déi zwee éischt Uerden. De Staatsminister, de President vun der Regierung, ass de Kanzler vun deenen zwee aneren Uerden. De Kanzler ass verantwortlech dofir, datt d’Reegele respektéiert ginn.