D' "Garden Party"

D' "Garden Party" ass eng brittesch Traditioun. Eng "Garden Party" ass e Fest ënner fräiem Himmel. D'Gäscht sinn zesummen, meeschtens an engem Gaart (sou wéi d'Wuert et jo seet), si iessen an drénken eng Klengegkeet an an de meeschte Fäll gëtt et och e Buffet. Et ass e ganz gesellege Moment!

Zu Lëtzebuerg organiséieren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse dës "Garden Party" no Nationalfeierdag, den 23. Juni, an hiren immens flotte Gäert am Schlass vu Bierg. Si invitéieren d' "forces vives" vum Land. Dat sinn déi Leit, déi dofir suergen, datt d'Land all Dag gutt funktionéiere kann, zum Beispill d'Cheffe vu verschidde Firmen, Leit aus der Politik, Polizisten, Pompjeeën,… et ginn der eng Hellewull!

D' "Garden Party" sinn eng ganz gutt Geleeënheet fir sech bei gudder Laun ze treffen an deene Leit Merci ze soen, déi all Dag am Déngscht vum Land stinn.