De Chef vun der Arméi

No senger Schoulzäit, deemools wou hien nach net Grand-Duc war, huet de Prënz Henri eng militäresch Ausbildung a Groussbritannien gemaach, op der Royal Military Academy of Sandhurst. Hei huet hien am Joer 1975 de Grad vum Offizéier kritt.

Hien huet den Titel vum Generol.

Du hues bestëmmt scho Fotoe vum Grand-Duc a senger kaki-faarweger Uniform vun der Lëtzebuerger Arméi gesinn. Zum Beispill op Nationalfeierdag, wann hie bei der Militärparad matmécht. Bei Gala-Iessen, huet hien eng schwaarz Gala-Uniform un an e Schwäert dobäi.