

De Kommandant vun der Arméi
No senger Schoulzäit, deemools wou hien nach net Grand-Duc war, huet de Prënz Guillaume seng militäresch Ausbildung a Groussbritannie gemaach, op der Royal Military Academy of Sandhurst. Hei huet hien am Joer 2002 de Grad vum Offizéier kritt.
De Grand-Duc Guillaume ass de Kommandant vun der Arméi an huet den Titel vum Generol.
Du hues bestëmmt scho Fotoe vum Grand-Duc a senger kaki-faarweger Uniform vun der Lëtzebuerger Arméi gesinn. Zum Beispill op Nationalfeierdag, wann hie bei der Militärparad matmécht. Bei Gala-Iessen, huet hien eng schwaarz Gala-Uniform un an e Schwäert dobäi.
