De Grand-Duc

Moien, ech sinn de Grand-Duc Henri vu Lëtzebuerg. Ech koum no mengem Papp, dem Grand-Duc Jean, dee no menger Groussmamm, der Grande-Duchesse Charlotte, op den Troun koum. Enges daags loossen ech mengem Jong, dem Prënz Guillaume meng Plaz. Dem Staatschef seng Haaptroll ass et am Déngscht vu Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger an de Lëtzebuergerinnen, an all de Leit déi hei wunnen a schaffen, ze stoen. Ech si frou, datt dat all de Kanner erkläert ginn ass.

De Grand-Duc Henri ass de 16. Abrëll 1955 op d’Welt komm. Zu Genf an der Schwäiz, wou hien op der Universitéit studéiert huet, huet hien d’Maria Teresa kennegeléiert, déi hie bestuet a mat där hie fënnef Kanner kritt huet: Guillaume, Félix, Louis, Alexandra a Sébastien. A senger Funktioun als Staatschef huet hien eng ganz Rei Aufgaben, déi op dëser Internetsäit erkläert ginn. A senger Aarbecht an a sengem Alldag denkt hien un déi zukünfteg Generatiounen an hien ass opmierksam wat d’Problemer op eisem Planéit betreffen.

Foto 1

Hie geet reegelméisseg schwammen, spillt Tennis, fiert Schi, geet seegelen an hie fiert immens gär Moto. Donieft leien him d’Liesen, d’Musek, d’Natur an de Sport um Häerz. Mä hien hëlt sech och gär Zäit fir d’Momenter mat senger Famill, schliisslech ass hien och de Bopi vum Noah, Gabriel, Amalia, Liam, Charles a François.