

De Grand-Duc säin Engagement bei de Scouten
Säit senger Kandheet ass de Grand-Duc Guillaume bei de Scouten engagéiert. Zanter 2019 ass hien den neie Chef-Scout zu Lëtzebuerg, eng Roll déi hie mat vill Houfert nom Doud vu sengem Bopi, iwwerholl huet. Wosst du, datt et zu Lëtzebuerg am Moment eng 7500 Scoute gëtt?
De Scoutismus ass 1907 vum Baden-Powell an England gegrënnt ginn. Et huet net laang gedauert, bis en op Lëtzebuerg komm ass. Siwe Joer fir genee ze sinn an en ass du ganz séier gewuess. Haut ginn et 85 aktiv Scouts-Gruppen, déi iwwert dat ganz Land verdeelt sinn. Si bidde Kanner a Jugendlecher am Alter vu 6 bis 20 Joer Aktivitéiten un, bei deene si sech a villerlee Hisiicht engagéiere kënnen, vun Aventuren am Fräie wéi och Hëllefsmissiounen.

De Grand-Duc Jean war bis zu sengem Doud Scout an huet du säi Scouts-Foulard sengem Enkel, dem deemolegen Ierfgroussherzog Guillaume, ginn. Säit 2019 ass hie Chef-Scout vu Lëtzebuerg. Hien huet dëse Roll iwwerholl nom Doud vu sengem Bopi, dem Grand-Duc Jean. De Prënz Guillaume huet och Responsabilitéiten iwwerholl an der "World Scout Foundation". Säit ëmmer schonn, sinn nämlech d'Wäerter vun dem Scoutismus fir déi groussherzoglech Famill vu grondleeënder Bedeitung. Zu deene Wäerter gehéieren Teamwork, d'Iwwerhuele vu Verantwortung, de Respekt fir déi aner a fir d'Ëmwelt, mä och déi perséinlech Entwécklung vun all Kand.
Wéis du gesäis, engagéiert de Grand-Duc sech ganz vill fir d’Scouten zu Lëtzebuerg an an der Welt. Fir him Merci ze soen, huet déi weltwäit Scoutsorganisatioun hie mam Bronze Wollef belount. Dat ass eng aussergewéinlech Éierung, mat där just 400 Leit bis elo ausgezeechent goufen.

