De Leifwiechter

Moien! Ech sinn dem Grand-Duc säi Leifwiechter. Ech këmmere mech ëm seng Sécherheet. Ech sinn diskret, mä ni wäit vun him ewech, wann hien op offizielle Visitten ass. Ech passen op an ech kann zu all Moment agräifen, wann et geféierlech gëtt.

All Staatschef an all Herrscher huet e Service, dee sech ëm de Persouneschutz këmmert – och de Grand-Duc. Wéi säin Numm et scho seet, këmmere si sech ëm de Schutz vun de Membere vun der groussherzoglecher Famill, falls ee si agresséiert, ugräift, oder eng aner Gefor drot, zum Beispill wa vill Gedrécks bei enger Aktivitéit ass. Ëm dëse Schutz këmmere sech Agente vun der Lëtzebuerger Police, déi eng speziell Formatioun gemaach hunn. Fir zu dëser Spezialunitéit ze gehéieren, déi aachtasiechzeg Memberen huet, muss een e staarke Charakter hunn, bei gudder Gesondheet a ganz sportlech sinn.

Ofgesi vun hirer Missioun als Persouneschützer vun der groussherzoglecher Famill, sinn dës Super-Polizisten och nach Scharfschützen. Glécklecherweis musse si net dacks schéissen…