De Prënz Charles

Moien ! Ech sinn de Charles. Mäi Papp ass de Guillaume a meng Mamm ass d’Stéphanie. Ech sinn 2020 op d’Welt komm a jiddereen nennt mech « de klenge Charel ». Enges Daags ginn ech Grand-Duc vu Lëtzebuerg, mä dat dauert nach eng gutt Zäit ! Bis dohi ginn ech an d’Schoul wéi all déi aner kleng Lëtzebuerger an ech këmmere mech och ëm mäi klenge Brudder.

De Prënz Charles ass den 10. Mee 2020 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad op d’Welt komm. Hien ass dat éischt Kand vun der ierfgroussherzoglecher Koppel an hien ass den Zweeten an der Trounfolleg, direkt no sengem Papp. De Prënz Louis, dem Guillaume säi Brudder, ass dem Charles säi Pätter – an d’Gräfin Gaëlle de Lannoy, senger Mamm hir Schwëster, ass seng Giedel.

De Prënz Charles straalt op de Fotoe vun den offiziellen Aktivitéite vu sengen Elteren, wéi zum Beispill bei de Visitte vun den eelere Leit an de Lëtzebuerger Fleegeheemer. Et gëtt keen Alter fir de Beruff vum Prënz ze léieren! A sengem dagdeegleche Liewe geet de Prënz Charles an d’Schoul, wou hie mat de Kanner a sengem Alter spillt. Hien huet en Dräirad a freet sech drop endlech Vëlofueren ze léieren. Mä virun Allem, ass hien och en houfrege grousse Brudder!