De Prënz Félix

Ech heesche Félix. Ech sinn den zweete Jong vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa. Ech sinn den 3. Juni 1984 op d’Welt komm. Zesumme mat menger Fra, der Prinzessin Claire, schaffen ech an engem Wäin-Domaine. Mir sinn déi glécklech Eltere vun der Prinzessin Amalia, gebuer am Joer 2014, vum Prënz Liam, gebuer am Joer 2016, a vum Prënz Balthazar, gebuer am Joer 2024.

Nodeem hie seng Primärschoul a säi Lycée zu Lëtzebuerg ofgeschloss huet, studéiert de Prënz Félix an der Schwäiz, wou hien och seng zukünfteg Fra, d’Claire Lademacher, kenneléiert.

Allebéid passionéiert vun de Wéngerten an dem Wäin, féiert d’Koppel haut e Wäin-Domaine am Süde vu Frankräich. De Prënz Félix interesséiert sech och ganz vill fir de Lëtzebuerger Wënzer hiert Kënnen. Zesumme mat enger Koppel Frënn, hunn de Prënz Félix an d’Prinzessin Claire 2016 d’Firma „Young Empire“ gegrënnt, enger Kleedermarque fir Kanner a Fraen.

De Prënz Félix schwätzt fënnef Sproochen. Hie wunnt zu Frankfurt an deelweis och am Süde vu Frankräich. Zu Lëtzebuerg, ass hie reegelméisseg bei offiziellen Aktivitéiten dobäi, wéi zum Beispill Nationalfeierdag. Wéi hien nach méi jonk war, war hie bei de Scouten. De Prënz Félix ass och e grousse Sportler! Hie spillt gär Basket, spréngt Fallschierm, spillt Tennis a Golf oder fiert Schi.