De Prënz François

De Prënz François ass de 27. Mäerz 2023 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad op d’Welt komm. Hien ass dat zweet Kand vun der groussherzoglecher Koppel an hien ass den Zweeten an der Trounfolleg, direkt no sengem Brudder Charles. Säi Pätter ass de Grof Christian de Lannoy, Brudder vun der Prinzessin Stéphanie, a seng Giedel ass d’Prinzessin Alexandra, d’Schwëster vum Ierfgroussherzog.