De Prënz Sébastien

Ech heesche Sébastien an ech sinn dat fënneft Kand vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa. Ech sinn 1992 op d’Welt komm an domat dat jéngst vun de Kanner. No menge Studien, hunn ech eng Militärausbildung gemaach an haut sinn ech Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi. Ech sinn immens sportbegeeschtert, besonnesch frou sinn ech mam Rugby. Ech war esouguer an der Nationalequipe.

No der Primärschoul zu Lëtzebuerg, ass de Prënz Sébastien a Groussbritannie studéiere gaangen, ier hien nees zréck an de Grand-Duché koum, fir hei säin Ofschloss am Lycée ze maachen. Seng Studien hunn hien an d’USA gefouert, wou hie sech op de Marketing an d’Kommunikatioun spezialiséiert huet.

Foto 1

Hien huet 2016-2017 mat Erfolleg eng Ausbildung als Offizéier a Groussbritannien ofgeschloss. Hie kommandéiert e Peloton vun den Irish Guards, e Regiment vun der brittescher Arméi, an deem säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, wärend dem Zweete Weltkrich gedéngt huet.

Hien ass ganz staark un der Solar-Energie interesséiert an un der nohalteger Gestioun vun de Bëscher (aus där hien och säi Beruff gemaach huet) an dem Wuel vun den Déieren. Ofgesi vum Rugby an deem hie ganz staark ass, fiert de Prënz Sébastien och Schi, hie geet kloteren a schwammen. Hien huet den Haut-Patronage vun der Lëtzebuerger Federatioun vum Schwammen an der Liewensrettung.