De Valet

Moien, ech sinn dem Grand-Duc säi Valet. De Valet ass eng Vertrauenspersoun, déi sech ëm säi perséinleche Service këmmert. Ech këmmere mech ëm d’Residenzen an d’Gäscht. Ech begleeden d’Famill och bei offiziellen a private Visitte. Ech passen drop op, datt alles gutt verleeft. De Monseigneur erwaart vu mir, datt ech loyal, hëllefsbereet an diskret sinn. Hie kann op mech zielen!

De Valet huet vill Aarbecht ! Hien ass verantwortlech, datt d’Residenze moies op- an owes zougemaach ginn: de Palais, d’Schlass zu Bierg an dat vu Fëschbech. Hie këmmert sech zum Beispill och drëm, datt d’Gepäck fäerdeg ass, wann de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse verreesen. De Valet empfänkt d’Gäscht a kuckt, datt alles agreabel fir si ass. Hie muss kucken, datt jiddereen alles huet wat e brauch. Bei prestigiéisen Evenementer këmmert de Valet sech drëm, datt d’Iesse richteg zerwéiert gëtt. Am dagdeegleche Liewen, kritt hien de Courrier a verdeelt en un déi verschidde Servicer oder Persounen. Et ass och hien, deen d’Büroen an d’Reuniounssäll fir d’Aarbecht vum Grand-Duc virbereet. An hie kuckt, datt alles schéi propper an an der Rei ass.

Dat ass vill Aarbecht! Aus deem Grond gëtt et natierlech och méi wéi just ee Valet: si sinn zu aacht! Déi eng schaffen am Palais, déi aner am Schlass zu Bierg oder zu Fëschbech.