Dem Prënz säin Engagement bei de Scouten

Säit senger Kandheet ass de Prënz Guillaume bei de Scouten engagéiert. Zanter 2019 ass hien den neie Chef-Scout zu Lëtzebuerg, eng Roll déi hie mat vill Houfert nom Doud vu sengem Bopi, dem Grand-Duc Jean, iwwerholl huet. Wosst du, datt et zu Lëtzebuerg am Moment eng 7500 Scoute gëtt?

De Scoutismus ass 1907 vum Baden-Powell an England gegrënnt ginn. Et huet net laang gedauert, bis en op Lëtzebuerg komm ass. Siwe Joer fir genee ze sinn an en ass du ganz séier gewuess. Haut ginn et 85 aktiv Scouts-Gruppen, déi iwwert dat ganz Land verdeelt sinn. Si bidde Kanner a Jugendlecher am Alter vu 6 bis 20 Joer Aktivitéiten un, bei deene si sech a villerlee Hisiicht engagéiere kënnen, vun Aventuren am Fräie wéi och Hëllefsmissiounen.

De Grand-Duc Jean war bis zu sengem Doud Scout an huet du säi Scouts-Foulard sengem Enkel, dem Ierfgroussherzog Guillaume, ginn. Säit 2019 ass hie Chef-Scout vu Lëtzebuerg. Hien huet dëse Roll iwwerholl nom Doud vu sengem Bopi, dem Grand-Duc Jean. De Prënz Guillaume huet och Responsabilitéiten iwwerholl an der "World Scout Foundation". Säit ëmmer schonn, sinn nämlech d'Wäerter vun dem Scoutismus fir déi groussherzoglech Famill vu grondleeënder Bedeitung. Zu deene Wäerter gehéieren Teamwork, d'Iwwerhuele vu Verantwortung, de Respekt fir déi aner a fir d'Ëmwelt, mä och déi perséinlech Entwécklung vun all Kand.