Den 23. Juni ass Nationalfeierdag!

Firwat feiere mir Nationalfeierdag op deem Datum obwuel de Grand-Duc de 16. Abrëll gebuer ass? Komm mir ginn där Saach op de Gronn!

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt all Joer den 23. Juni gefeiert. Op deem Dag feiere mir eisem Grand-Duc säi Gebuertsdag, och wann deen net wierklech op deem Dag ass. Et ass eng flott Geschicht: d’Grande-Duchesse Charlotte ass den 23. Januar op d’Welt komm, mä et war net immens flott fir matten am Wanter ze feieren. D’Fest gouf dunn ëm sechs Méint verréckelt an dat ass bis haut esou bliwwen.

D’Fest geet den 22. Juni owes un. Déi groussherzoglech Famill lauschtert a kuckt no, wann d’Militärmusek e Ständchen um Knuedler spillt a wann dono de Fakelzuch iwwer déi grouss Plaz zitt. Zum Schluss gëtt et um Pont Adolphe an der Stad e grousst Freedefeier mat flotter Musek.

Den 23. Juni, no der Militärparad, ginn de Grand-Duc, déi groussherzoglech Famill, Membere vun der Regierung an nach vill aner Leit an den Te Deum an der Kathedral an der Stad. No dëser reliéiser Zeremonie ginn nach eenanzwanzeg Kanouneschëss lass gelooss.

A fir datt et fir all Lëtzebuerger, Lëtzebuergerinnen an all d’Awunner vum Land och wierklech e schéint Fest ass, ass den 23. Juni e Feierdag, dat heescht, datt mir deen Dag fräi hunn.