Den Aide de camp

Moien ! Ech sinn dem Grand-Duc säin Aide de camp. Ech begleeden de Monseigneur op all sengen offizielle Visitten. Wa mir ënnerwee sinn, sëtzen ech ëmmer vir am Auto. Ech sinn eng vun de Persounen, déi am dacksten u senger Säit ass. Ech passen drop op, datt alles esou leeft, wéi mir et geplangt hunn.

Fréier wat den Aide de camp e jonken Offizéier, dee sengem Virgesetzte seng Uerderen iwwerall gedroen huet, wou et néideg war, virun Allem op d’Schluechtfeld. Haut ass dëse Beruff awer vill méi friddlech. Mä en ass awer ganz wichteg.

Den Aide de camp vum Grand-Duc ass en Offizéier vun der Arméi. Seng Roll ass et, de Grand-Duc iwwerall ze begleeden, op seng vill offiziell Visitten zu Lëtzebuerg an awer och am Ausland. Wann hie grad net mam Grand-Duc ënnerwee ass, preparéiert an organiséiert den Aide de camp déi zukünfteg Visitten. Vum Aide de camp gëtt erwaart, datt hien diskret a loyal ass, mä och, datt hien un alles denkt, fir dem Grand-Duc seng Reesen ze vereinfachen. De Grand-Duc, d’Grande-Duchesse an den Ierfgroussherzog hunn allen dräi hire perséinlechen Aide de camp.