Den Éieregardist

Moien, ech sinn den Éieregardist. Du hues mech vläicht schonn a menger Uniform virum groussherzogleche Palais gesinn. Virum Palais stinn ëmmer zwee Zaldoten, an dat bei all Wieder. Mir sinn do fir de Palais ze verdeedegen, falls en ugegraff gëtt.

D’Wiechter vum Palais sinn Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi. Si ginn Éieregardiste genannt well si dofir do sinn op verschidde Monumenter opzepassen, wéi zum Beispill de Palais, oder well se bei verschiddenen Zeremonien, wéi ënner anerem Nationalfeierdag, hier Éieren erweisen. Et ass eng prestigiéis Funktioun, déi speziell erausgesichten Zaldoten däerfen erfëllen. Si hunn och eng Waff. Si mussen heiansdo stonnelaang roueg a riicht stoen, och wann et reent oder schneit. Si sinn zu all Moment prett fir d’Gebailechkeeten ze verdeedegen, wann e Problem ass. Zu bestëmmten Auerzäiten kann een dem Wiessel vun der Éiergarde nokucken. Den Oflaf ass ëmmer dee selwechten: Deen neien Zaldot kënnt un a stellt sech virun de Garde, dee fäerdeg mat sengem Service ass. Si begréisse sech a wiesselen dann hir Plazen. De Garde, dee fäerdeg ass, geet dann zréck an d’Kasär, iwwerdeems den neie Garde seng Plaz anhëlt.