Den Hofmarschall

Moien, ech sinn den Hofmarschall. Ech sinn deen, deen déi offiziell Aktivitéite vum Grand-Duc organiséiert. Fir mir ze hëllefen, hunn ech eng ganz Equipe, déi am Palais an der Stad, an der Maison du Grand-Duc schafft.

Den Hofmarschall, mat senger Equipe, organiséiert all déi offiziell Aktivitéite vum Grand-Duc, dem Ierfgroussherzog an deenen anere Familljememberen. Hien organiséiert zum Beispill d’Visitte vun anere Staatscheffen zu Lëtzebuerg oder dem Grand-Duc seng Visitten am Ausland. Den Hofmarschall leet d’Bezéiungen tëscht dem Grand-Duc an de Membere vun der Regierung. Bei der Kommunikatioun huet hien och e Wuert matzeschwätzen. Hien huet, zum Beispill, seng Zoustëmmung fir d’Internetsäit ginn, op däers du grad am gaange bass ze surfen.

Aide de camp, Polizisten, Chaufferen, Käch, Gäertner, Informatiker, Valeten … Dosende Persoune schaffen am Déngscht vum Grand-Duc a senger Famill. E puer vun hinne léiere mir elo kennen. Den Hofmarschall ass iwweregens hiren Direkter.