D’Equipe vum Entretien

Moien, mir sinn d'Equipe vum Entretien. Als Equippe passe mir drop op, dat alles ëmmer tipp topp ass. Mir si frou, esou zum Bild vun eisem Land bäizedroen a wa keen eis eppes seet, da freeë mir eis. Dat heescht nämlech, datt alles gutt gaangen ass.

An engem Palais muss et ëmmer « tipp-topp » sinn. Dofir ginn et eng ganz Rei Beruffer, déi een als „Equipe vum Entretien“ bezeechent. Si hunn all eng Gemeinsamkeet: en A dofir, datt alles perfekt ass. Et ass d’Botzequipe, d’Leit aus der Wäscherei, d‘Handwierker, déi sech ëm all déi kleng Problemer këmmeren (eng futtis Bier ersetzen oder e Krunn flécken, deen drëpst), déi am Alldag opdauchen an op déi een net preparéiert war.

Hinnen alleguer ass et wichteg, Produkter a Materialien ze benotzen, déi gutt fir eis Ëmwelt sinn. Si alleguer sinn en agespillten Team, dat guttgelaunt an enk zesummeschafft an op den excellente Service am Haus oppasst.

Ouni dës Leit an hir Grëndlechkeet, wär de Palais net dat, wat en ass.