

D'Hofmarschallin
Moien, ech sinn d‘Hofmarschallin. Ech organiséieren déi offiziell Aktivitéite vum Grand-Duc. Fir mir ze hëllefen, hunn ech eng ganz Equipe, déi am Palais an der Stad schafft.
D‘Hofmarschallin, mat hirer Equipe, organiséiert all déi offiziell Aktivitéite vum Grand-Duc an deenen anere Familljememberen. Si organiséiert zum Beispill d’Visitte vun anere Staatscheffen zu Lëtzebuerg oder dem Grand-Duc seng Visitten am Ausland. D‘Hofmarschallin leet d’Bezéiungen tëscht dem Grand-Duc an de Membere vun der Regierung. Bei der Kommunikatioun huet si och e Wuert matzeschwätzen. Si huet, zum Beispill, hir Zoustëmmung fir d’Internetsäit ginn, op däers du grad am gaange bass ze surfen.
Aide de camp, Polizisten, Chaufferen, Käch, Gäertner, Informatiker, Valeten … Dosende Persoune schaffen am Déngscht vum Grand-Duc a senger Famill. E puer vun hinne léiere mir elo kennen. D‘Hofmarschallin ass iwweregens hir Direktesch.