D’Prinzessin Claire

Moien alleguer ! Ech sinn d’Prinzessin Claire, d’Fra vum Félix an d’Mamm vum Amalia a vum Liam. De Félix an ech hu vill gemeinsam Leidenschaften a mir schaffe gär zesummen. A mengen Aen, ass d’Famill dat Wichtegst. Zu Lëtzebuerg hunn ech den Haut-Patronage vu Lux-Transplant, enger Vereenegung déi sech ëm Organspende këmmert an op déi Manéier Liewe rette kann.

D’Prinzessin Claire ass 1985 an Däitschland op d’Welt komm. Si huet an Däitschland, awer och an den USA, zu Paräis an zu Roum studéiert. D’Claire war ëmmer eng ganz gutt Schülerin a Studentin. Si huet sech an der Bioethik spezialiséiert, déi sech mat de Konsequenze vun den neie Methoden an der Medezin befaasst. Si interesséiert sech ganz staark fir dat Thema.

Zesumme mam Prënz Félix féiert si e Wäin-Domaine am Süde vu Frankräich. 2016 huet d’Koppel, zesumme mat Frënn, d’Firma „Young Empire“ gegrënnt – eng Marque fir Kanner- a Fraekleeder.

Zu Lëtzebuerg ass d’Prinzessin dacks bei offiziellen Zeremonien dobäi. Si ënnerstëtzt och d’Associatioun „Luxembourg Transplant ASBL“ an ass reegelméisseg beim Weltdag vun der Organspend mat dobäi.

D’Prinzessin Claire wunnt an Däitschland mat hirem Mann an hire Kanner, mat deene si gär baakt a moolt. Ausserdeem begeeschtert si sech fir de Yoga, d’Fotografie an d’Liesen!