D'Responsabel vum Patrimoine

Moien! Ech sinn d'Responsabel vum Patrimoine. Ech passen op déi groussherzoglech Ierfstécker op, dat heescht d'Konschtwierker, d'Bicher, d'Fotoen an d'Archivdokumenter. Déi musse mat ganz vill Opmierksamkeet erkannt, klasséiert, restauréiert an konservéiert ginn, fir datt se och an 1000 Joer nach do sinn!

Fir d’Verwalte vum historesche Verméige vum Palais an deenen anere Schlässer, ginn et verschidde ganz speziell Beruffer. D’Conservateure kennen all d’Konschtwierker aus dem Haus a si wësse wéi ee sech muss drëm këmmeren, si schützen, si restauréieren oder wéi ee si ka besonnesch ervirhiewen.

D’Archivisten entstëbsen, klasséieren, raumen a scanne Milliounen Dokumenter déi, enges daags, fir d’Historiker zougänglech sinn.

D’Bibliothekäre maachen dat selwecht mat de Bicher a si scannen och offiziell Fotoen, fir datt déi Leit, déi se sichen, se méi liicht erëmfannen.

Si all schaffe mat wäissen Händchen, fir déi wäertvoll a sensibel Konschtwierker an Dokumenter ze schützen. Et brauch ee vill Feigefill dës Wierker net ze beschiedegen. D’Conservateuren, d’Archivisten an d’Bibliothekäre passen also extra gutt op, datt all dat historescht Material och nach an Zukunft accessibel ass.