D’Wopen

Wousst du, datt de Grand-Duc dräi Wopen huet?

D’Wope symboliséieren d’Zougehéieregkeet zu engem Land. Fréier hu se gewisen, datt een zu enger Famill gehéiert huet: et huet een en op engem Schëld gedroen, bei engem Turnéier, oder op engem Fändel wann een an de Krich huet misse goen.

Wat gesäis du um Lëtzebuerger Wopen? E roude Léiw mat enger Kroun op engem blo-wäissen Hannergrond. De Léiw steet fir de Courage an d’Kraaft. D’Kroun ass d’Symbol vum Kinnek senger Muecht an Autoritéit. Dat rout, wäisst a blot sinn déi selwecht Faarwe wéi op eisem nationale Fändel.

Klengt Wopen

Mëttelt Wopen

Grousst Wopen