De Grand-Duc Jean
De Grand-Duc Jean ass 1921 op d'Welt komm. Hien ass den eelste Jong vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Félix vu Bourbon-Parma.
De gréissten Deel vu senger Kandheet verbréngt hien um Schlass Bierg. D'Primärschoul an en Deel vum Lycée absolvéiert hien zu Lëtzebuerg an hie mëscht de Lycée fäerdeg a Groussbritannien, vun 1934 bis 1938. Hie schwätzt fléissend Englesch. Wärend dem Krich trëtt hien der brittescher Arméi bäi a lant mat den "Irish Guards" an der Normandie. Zesumme mat sengem Papp spillt hien eng wichteg Roll bei der Befreiung vu Lëtzebuerg wou hien als Held gefeiert gëtt.
Den 9. Abrëll 1953 bestit hien d'Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch. Si hunn zesumme fënnef Kanner, dorënner de Prënz Henri (1955). Dem Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte ass de Kontakt mat der Bevëlkerung immens wichteg. Nieft sengen Aufgaben als Staatschef begeeschtert sech de Jean fir de Sport an hie gëtt als éischt Member, an duerno Éierepresident, vum Lëtzebuerger Olympia- a Sportkommitee (COSL – Comité olympique et sportif luxembourgeois) an Éierendoyen vum Internationalen Olympesche Kommitee (IOC).
Seng Verbindung zu de Scouten huet wärend méi wéi 80 Joer bestanen. Hien dankt 2000 zu Gonschte vu dengem Jong Henri of, mee bleift awer weider ganz aktiv.
Den 29 Abrëll 2019 stierft hie mat 98 Joer. All d'Lëtzebuerger sinn an Trauer an hie kritt e Staatsbegriefnes. Wärend senger Herrschaft vu 36 Joer huet de Grand-Duché sech ekonomesch a politesch vill weider entwéckelt. De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte hu bewise, wéi wichteg d'Dynastie fir d'Eenheet an d'Stabilitéit vu Lëtzebuerg ass.