De Prënz Louis

Moien, ech heesche Louis ! Ech sinn 1986 gebuer an den drëtte Jong vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa. Meng gréisste Freed ass, wann ech Zäit mat mengen zwee Jongen, de Prënze Gabriel an Noah ka verbréngen. Si sinn 2006 an 2007 op d’Welt komm. Ech ginn immens gär mat hinne Schi fueren oder mir spillen zesumme Strategie-Spiller.

Wéi seng Bridder, ass de Prënz Louis am Ufank och zu Lëtzebuerg an d’Schoul gaangen. Wärend senger Lycéeszäit an der Schwäiz, huet hien humanitär Missiounen an Indien begleet, wou hien den äermste Kanner Coursen op Englesch, Mathematik an am Turne ginn huet. Vun deem Moment un huet hie sech och beim Roude-Kräiz zu Genève engagéiert.

Foto 2

Hie schwätzt fléissend lëtzebuergesch, franséisch, englesch, däitsch a spuenesch. Vu senge Studie behält hien d’Léift zu der Natur an d’Leidenschaft fir d’Fligeren. Hien ass iwweregens och Pilot. Hien huet Psychologie studéiert an ass diploméierten Ombudsmann, dat heescht, datt hie Leit hëlleft, déi a Konfliktsituatioune sinn. Zënter senger Kandheet ass hien Dyslexiker an esou huet hien aus senger eegener Dyslexie an der Mediatioun säi Beruff gemaach. Dyslexiker ze sinn, heescht Problemer beim Liesen a Schreiwen ze hunn.

De Prënz Louis huet den Haut-Patronage vun de Lëtzebuerger Federatioune vum Dëschtennis, de Kampfsportaarten an der Fligerei, alles Sportaarten, déi him Freed maachen.