De Staatschef

De Grand-Duc vu Lëtzebuerg ass och de Staatschef. Seng Roll ass et, dem Land a sengen Awunner ze déngen a si ze beschützen. Hie vertrëtt Lëtzebuerg bei offiziellen Aktivitéiten, zu Lëtzebuerg oder am Ausland. Hien ernennt de Premier Minister a seng Regierung. Mä hie ka keng Decisiounen huelen, ouni datt d’Regierung zoustëmmt.

De Grand-Duc verkënnegt d’Gesetzer, déi vum Parlament decidéiert ginn, dat heescht, hien ënnerschreift se an domat gi se offiziell. Hie selwer kann awer näischt decidéieren, ouni datt e Minister zoustëmmt.

No de Walen ernimmt hien de Premier Minister oder Ministesch. All d’Ministere vun der neier Regierung leeë virum Grand-Duc hiren Eed of.