

D'Gäertnerin
Moien, ech sinn d'Chefgäertnerin. Ech këmmere mech ëm d'Parken an d'Gäert vum groussherzogleche Palais a vun de Schlässer zu Bierg an zu Fëschbech. Mir sinn zu enger Dosen, déi sech ëm d'Beem an d'Blumme këmmeren. Dorënner sinn e "Pépiniériste" deen déi jonk Beem grousszillt an e Florist, deen d'Blummebouqueten an d'Blummendekoratioune preparéiert.
Eiser Equipe ass de Respekt fir d'Ëmwelt immens wichteg an dofir benotze mir keng chemesch Produkter oder Pestiziden. D'Onkraut gëtt erausgezunn oder verbrannt. An den Eschebeem ginn et Vullenhaisercher fir d'Villercher.
E Florist këmmert sech ëm d'Blummendekoratioune fir all offiziell Zeremonien, Gala-Iessen, an natierlech ëm de Chrëschtbeemchen. Eis Equipe huet och e "Floriculteur" (dee sech ëm d'Blumme këmmert", en "Horticulteur" (dee sech ëm d'Gäert këmmert", e "Paysagiste- pépiniériste" an e Mecanicien dee sech ëm all d'Maschinne këmmert.
Am Park vu Colmar-Bierg gëtt eng al Zär nees renovéiert, wou mir geschwë Blummen, mä och Geméis a Kraider fir d'Kiche planze kënnen.