D'Grande-Duchesse

Moien, ech sinn d’Grande-Duchesse Maria Teresa. Ech sinn op Kuba op d’Welt komm. Zu Genève, wou ech studéiert hunn, hunn ech den Henri kennegeléiert. Als Grande-Duchesse begleeden ech mäi Mann bei offiziellen Aktivitéiten. Ech setze mech ganz staark fir déi méi schwaach Leit an, besonnesch fir d’Fraen an d’Kanner. Ech sinn Ambassadrice fir d’UNESCO an d’UNICEF, zwou ganz wichteg Organisatioune vun de Vereenten Natiounen, der Versammlung vun all de Länner vun der Welt.

D’Maria Teresa ass am Joer 1956 zu La Havana, op Kuba, op d’Welt komm. Wéi si den Henri op der Universitéit kenneléiert, weess si net, datt hien eigentlech e Prënz ass an iergendwann esouguer Grand-Duc gëtt. Si bestuede sech de 14. Februar 1981, op Vältesdag, dem Dag vun de Verléiften. Si hu véier Jongen an ee Meedchen : de Guillaume, de Félix, de Louis, d’Alexandra an de Sébastien.

Am Joer 2000 gëtt den Henri Grand-Duc an d’Maria Teresa gëtt Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg. D’Grande-Duchesse setzt sech ganz staark fir d’Rechter vun de Fraen, de jonke Meedercher an de Kanner an, a si kämpft géint d’Gewalt vun där si d’Affer sinn. Am Joer 1997 gëtt si vun de Welt-Organisatiounen UNESCO an UNICEF zur „Ambassadrice vum Gudde Wëllen“ ernannt, an 2007 „Eminent Affekotin vun de Kanner“.

D’Maria Teresa ass eng leidenschaftlech Bomi, déi immens gär Zäit mat hiren Enkelkanner verbréngt. Si liest gär, si séngt gär, si spillt Gittar a si geet gär spadséieren – besonnesch mat hirem Mupp.