D’Grande-Duchesse

Moien ! Ech sinn d’Stéphanie an ech sinn d’Fra vum Guillaume, dem Grand-Duc. Ech sinn am Joer 1984 an der Belsch op d’Welt komm an Ech sinn zu Anvaing opgewuess. De Guillaume an ech sinn 2012 bestuet ginn. Haut wunne mir mat eisen zwee Jongen, dem Prënz Charles an dem Prënz François, zu Colmer-Bierg. Dat ass eng magesch Plaz fir Kanner.

D’Grande-Duchesse Stéphanie kënnt aus enger Famill mat ville Kanner. Si ass dat aacht Kand vum Grof an der Gräfin de Lannoy. Hir Leidenschaft ass d’Musek. Scho ganz jonk ass si an de Solfège gaangen, huet Piano an dono Gei gespillt. Als jonk Fra huet si sech fir d’Literatur a friem Sprooche begeeschtert. Mat 18 Joer ass si ee Joer laang op Moskau wunne gaangen, wou si d’russesch Sprooch an och Gei studéiert huet. Dono huet si däitsch Literatur studéiert.

Fir hire Mann z‘ënnerstëtzen, begleet d’Grande-Duchesse Stéphanie de Grand-Duc bei villen offiziellen Aktivitéiten. Och bei wirtschaftleche Missiounen ass si dacks mat hirem Mann zesummen ënnerwee. Si interesséiert sech leidenschaftlech fir d’Konscht an d’Gesondheet.

Spontan a ganz natierlech, erlieft si hir Roll als Mamm mat ganz vill Freed.