D’Prinzessin Alexandra

Ech heeschen Alexandra an ech sinn dat eenzegt Meedche vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa. Ech sinn 1991 op d’Welt komm an ech si mat véier Jonge grouss ginn! Ech si mam Nicolas bestuet. Mir deele vill Leidenschaften, wéi d’Liesen an d’Reesen. Ech hunn och de Sport immens gär, ënner anerem de Schi, de Waasserschi oder nach den Tennis. Ech hunn och laang gedanzt a Gymnastik gemaach.

D’Prinzessin Alexandra ass zu Angelsbierg an d’Primärschoul an dono an de Lycée Vauban an der Stad gaangen. Si huet Psychologie an den USA studéiert an huet eng Lizenz an der Philosophie zu Paräis kritt. Si interesséiert sech fir Politik an international Relatiounen an huet e Stage beim Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen zu New York gemaach, wéi Lëtzebuerg ee vun de Membere war.

D’Prinzessin schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Spuenesch, donieft huet si gutt Kenntnisser am Däitschen an am Italieneschen. Um soziale Plang, engagéiert si sech fräiwëlleg bei der Flüchtlingshëllef. Si huet den Haut-Patronage vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung an dee vun der Lëtzebuerger Déiereschutzvereenegung.

Wann hiren Agenda hir et erlaabt, ass d’Prinzessin Alexandra och bei offiziellen Zeremonien dobäi oder hëlt deel un offiziellen Aktivitéite vun der groussherzoglecher Famill. Sou huet si ënner anerem hire Papp bei der Staatsvisitt a Japan am Joer 2017 begleet.