Kappbedeckung a Gala-Tenue

Fir déi grouss Receptiounen huet d'groussherzoglech Famill eng prächteg Gala-Tenue un an d'Grande-Duchesse an d'Prinzessinnen droen en Diadem oder eng Tiara. D'Kroun ass keng lëtzebuergesch Traditioun. De Grand-Duc an d'Prënzen droen näischt um Kapp.

En Diadem oder eng Tiara si richteg… Krounen. Esou ewéi d'"Tiara Empire", déi fir d'éischte Kéier vun der Grande-Duchesse Charlotte gedroe ginn ass wärend hirer Hochzäit. Duerno hunn och déi aner Grande-Duchessen dës Tiara gedroen: d'Joséphine-Charlotte an d'Maria Teresa.

Bei offiziellen Evenementer dréit de Grand-Duc Henri seng militäresch Gala-Uniform. Donieft huet hien dann och seng Dekoratiounen, den "Ordre du Lion d’Or de la Maison de Nassau" an den "Ordre de Mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau", un, vun deenen hien de Groussmeeschter ass. Dat sinn déi zwou wichtegst Lëtzebuerger Dekoratiounen. An der Gala-Tenue, dat gëllt iwweregens fir d’Fraen an d’Männer, ginn d’Dekoratiounen zu Lëtzebuerg mat engem orange-faarwege Band gedroen. Am Ausland huet dat Band d’Faarf vum Land, an deem ee grad ass.