D'Grande-Duchesse Charlotte
D'Grande-Duchesse Charlotte ass déi zweet Duechter vum Grand-Duc Guillaume IV an Grande-Duchesse Marie-Anne. Si kënnt am Joer 1919, no hirer Schwëster, der Grande-Duchesse Marie-Adelheid, op den Troun. Si regéiert 45 Joer, bis am Joer 1964 hiren eelste Jong, de Grand-Duc Jean, hir Plaz iwwerhëlt. Si stierft 21 Joer méi spéit, am Joer 1985.
D'Charlotte ass de Lëtzebuerger besonnesch wichteg. Si huet et fäerdeg bruecht eng ganz enk Relatioun mat hire Landsleit opzebauen, deen an de Krichsjore vun 1940-45 nach verstäerkt gouf. Am Kampf géint déi däitsch Besatzer, fanne si an der Grande-Duchesse Charlotte hir gréisst Patriotin. Als Zeeche vun der Resistenz, flücht si a Frankräich, Portugal, Kanada a schlussendlech op London, vu wou si iwwert de Radio Messagë vun der Resistenz an dem Courage un d'Lëtzebuerger schéckt.
Déi Däitsch wëllen, datt si zréck an de Grand-Duché kënnt, mä si äntwert mam onvergiessleche Saz: « Mäin Häerz seet jo, mä mäi Verstand seet nee ».
Hire Mann, de Prënz Félix, an hire Jong, den Ierfgroussherzog Jean, engagéiere sech an der Brittescher Arméi. Wéi de Krich op en Enn geet, komme si nees heem an d'Charlotte gëtt als Heldin vun der Resistenz gefeiert.
Mat vill Energie baut si d'Land nees op a suergt dofir, datt Lëtzebuerg och op internationalem Niveau eng Roll spillt. D'Leit sinn immens frou mat hir, fir d'Lëtzebuerger gehéiert si einfach zu der Famill. Si selwer war déi houfreg Bomi vu 27 Enkelkanner. Duerch hir léif Manéier wousst si och ganz genee, wéi si se kéint berouegen an zum Laache bréngen.