De Chefkach

Ech sinn de Chefkach. Ech preparéieren dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse hiert Iesse fir, wann si am Land sinn, esou wuel déi dagdeeglech Molzéchten ewéi och déi fir d'Receptioune vun hire Gäscht oder déi grouss offiziell Iessen. Am Fall vun esou Iesse brauche mir Ënnerstëtzung. Et ass en interessante Beruff! Et muss een ëmmer topp Qualitéit liwweren, no dem Motto "D'Politik deelt dacks d'Leit, mä e gutt Iesse bréngt se zesummen". Dat ass d'Motto vun de Cheffe vun de Cheffen.

Et ginn dräi Kachchefen an der Kiche vun der Maison du Grand-Duc. Et gëtt een op all Plaz: am Palais an op de Schläss zu Bierg an zu Fëschbech. Mir nennen déi "Cheffe vun de Cheffen": et sinn d'Chefkäch vun de Staatscheffen. Si sinn an enger Associatioun a si passe gutt op hir Rezepter op, déi si just ënnert sech deelen.

Si hunn och Adjointen, well si net nëmme beim Kachdëppe stinn: si mussen och Bestellungen opgi fir Produiten an dorops oppassen, bio, lokal a saisonal Produiten ze benotzen, si musse sech un hir Gäscht hir Virléiften upassen an och kreativ si fir e gutt Bild vu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.

Si schaffen och zesumme mam Gäertnerservice wou si Geméis an iessbar Blumme kréien, déi am Gaart ugebaut ginn.