Den Argentier

Ech sinn den Argentiste-caviste. Dat ass emol e komesche Beruff. Ech këmmere mech em d'Dëschsëlwer, alles wat aus Sëlwer gemaach ass an d'Servicer an d'Bijouen déi ass Dekoratioun benotzt ginn. Ech këmmere mech och ëm d'Gedrénks am allgemengen, mä haaptsächlech em de Wäikeller. Dat heescht awer net, datt ech all Fläsch schmaachen…

D'Argentiste-cavisten. Et ginn der dräi, een op all Plaz: am Palais, zu Bierg an zu Fëschbech. All Sëtz huet säi Sëlwer. Du kanns en Deel dovunner gesi bei de Summervisitten am Palais, esou zum Beispill e Kandelaber deen den Hellege George weist wou en den Draach dout mëscht (London. 1850), eng Hirschtrophee mat enger iwwerdeckter Koppel (Augsburg, 1710), oder nach aner interessant Wierker déi heiansdo a Muséeën ausgestallt ginn. Et ass den Argentier deen sech ëm si këmmert. Hien ass och e "Caviste" well hie sech ëm de Wäikeller këmmert. Hien ass ganz passionéiert an huet och u spezielle Formatiounen deelgeholl, mä en huet och Villes vu senge Virgänger geléiert.


D'Funktioun vun "Argentise-caviste" gëtt vu Valeten iwwerholl, déi de Beruff um Terrain geléiert hunn.