

De Grand-Duc
Moien, mäin Numm ass Guillaume. Ech sinn de Grand-Duc. Viru Kuerzem sinn ech – no mengem Papp, dem Grand-Duc Henri – op den Troun komm. Zënter mengem 18. Gebuertsdag hunn ech mech op dës wichteg Roll virbereet andeems ech u ganz villen offiziellen Aktivitéiten deel geholl hunn. Ech sinn de Mann vun der Grande-Duchesse Stéphanie et de Papp vum Prënz Charles an dem Prënz François. D’Roll vum Staatschef ass et un éischter Plaz am Déngscht vum Land, vun de Lëtzebuerger, d‘Lëtzebuergerinnen an all de Leit, déi hei liewen a schaffen, ze stoen.
De Grand-Duc Guillaume ass zu Lëtzebuerg an d’Primärschoul gaangen. Hien huet Literatur a Politikwëssenschafte studéiert. Hien interesséiert sech fir d’Sproochen: hie schwätzt fléissend lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch a spuenesch. Duerch säi Grousspapp a säi Papp huet hien d’Natur an den Ëmweltschutz entdeckt, hie gëtt selwer Scout an huet wichteg Responsabilitéiten an der weltwäiter Fondatioun vun de Scouten.

Wéi säi Papp Henri a säi Grousspapp Jean, huet de Guillaume seng militäresch Ausbildung zu Sandhurst, a Groussbritannien, gemaach. Hien ass haut Kommandant vun der Lëtzebuerger Arméi. A senger Funktioun als Ierfgroussherzog huet hien zesumme mat Membere vun der Lëtzebuerger Regierung, Firmen op Missiounen am Ausland begleet, fir hinnen an neie Geschäftsbezéiungen z'ënnerstëtzen. . Dat war déi bescht Manéier fir sech op seng zukünfteg Responsabilitéiten als Staatschef virzebereeden.
Als Staatschef huet hie ganz vill Missiounen, déi op dëser Säit erkläert ginn. Hie mécht sech Gedanken ëm déi zukünfteg Generatiounen an hien ass opmierksam wann et ëm d’Problemer op eisem Planéit geet – souwuel op senger Aarbechtsplaz, wéi och am dagdeegleche Liewen.