D'Visitte vu Staats- a Regierungscheffen

Als Staatschef reest de Grand-Duc ganz vill. Hie besicht d’Staats- a Regierungscheffe vun anere Länner oder hien empfänkt si am Palais, wa si zu Lëtzebuerg sinn. Wann hie reest, gëtt hien ëmmer vu Ministere begleet an heiansdo och vun anere Membere vu senger Famill. A Japan huet d’Prinzessin Alexandra hie begleet.

Wat ass eng Staatsvisitt?

De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse empfänken all Joer Staatscheffen aus anere Länner oder si reese selwer an aner Länner fir do Staatsvisitten ze maachen. Esou Staatsvisitte sinn eng gutt Geleeënheet fir d’Relatioune mat deene Länner nach weider ze verbesseren.

Et sinn d’Reegele vum jeeweilege Land, déi ëmgesat ginn. Am Grand-Duché geet eng Staatsvisitt gemengerhand mat enger Wëllkomm-Zeremonie virum Palais un. De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse begréissen hir Gäscht.

Am Palais geet d’Visitt da weider. D’Staatscheffe gesi sech am klenge Krees, si tausche Kaddoen aus an iesse mëttes zesummen.

E bësse méi spéit gesäit den auslännesche Staatschef eise Premier Minister an eisen Ausseminister. Den éischten Owend ass dann nach e Banquet am groussherzogleche Palais.

Déi Deeg dono sinn ëmmer e bëssen anescht. D’Gäscht kënnen zum Beispill Muséeë besichen, verschidde Firmen, e Concert, eng Ausstellung, … De leschten Dag, ass dann nees eng Zeremonie fir Äddi ze soe virum Palais. Dono geet et fir si dann och nees heem.